Nouvelle décoration pour la Maison relais de Clemency
2020-06-24Renouvellement du tablier du passage « Um Stach » à Hautcharage
2020-09-30Mat grousser Bestierzung an Trauer deelt de Schäffen- a Gemengerot, souwéi d’Personal vun der Gemeng Käerjeng den Doud vum Här Lucien Fusulier mat.
De Lucien Fusulier war vum 01.01.2000 bis den 21.04.2020 fir d’LSAP Member am Gemengerot vun der Gemeng Käerjeng an aktuelle Member vun der Ëmweltkommissioun.
Während méi wéi 20 Joer huet hien sech d’Wuel vu senge Matbierger agesat. Als Veräinsmensch war hien laangjäreg aktive Comitésmember vum OGBL, der Veräinsentente Uewerkäerjeng, dem FC Jeunesse Hautcharage an dem U.N. Käerjeng’97.
Als Goalkeeper vum FC Jeunesse Hautcharage, deen 1971 sensationell d’Coupe du Luxembourg gewonnen huet, huet hien uschléissend an der Coupe vun de Coupe Gewënner géint Chelsea London gespillt.
De Luss, wéi jiddereen hie genannt huet, war e kollegialen an éierleche Mënsch, dee sech ëmmer nees fir seng Matbierger agesat huet. Politesch Streidereien waren him zu widder ; hei war am zefriddensten wann d’Diskussiounen am Gemengerot harmonesch an eestëmmeg geholl goufen.
De Schäffen- a Gemengerot dréckt der Famill vum Luss hiert déifste Matgefill aus.
C’est avec consternation et une profonde tristesse que le Collège des bourgmestre et échevins, le Conseil communal et le personnel de la Commune de Käerjeng ont appris la morte inopinée de Monsieur Lucien Fusulier.
Lucien Fusulier était membre du conseil communal du 01.01.2000 jusqu’au 21 avril 2020 pour le parti socialiste (LSAP) et membre actuel de la Commission de l’Environnement.
Lucien Fusulier s’est investi pendant plus de 20 ans pour le bien-être des habitants de la Commune et fut membre actif pendant de longues années dans les comités de l’OGBL, de l’Entente des Sociétés Hautcharage, du FC Jeunesse Hautcharage et de l’U.N. Käerjeng’97.
En tant que gardien de but du FC Jeunesse Hautcharage, il remporta en 1971 la Coupe de Luxembourg, ce qui qualifiait l’équipe à disputer la Coupe des Coupes d’Europe contre Chelsea London.
Luss, comme l’appelait tout le monde fut un personnage collégial et honnête, s’investissant en permanence pour le bien-être des citoyens ; il détestait les discussions politiques et fut le plus satisfait si tous les votes au conseil communal passaient harmonieusement et unanimement dans l’intérêt des citoyens.
Le Collège des bourgmestre et échevins et le Conseil communal tiennent à exprimer leurs plus profondes condoléances aux proches de Lucien Fusulier.