Nei Revue - 25.- 29. Abrëll am Käerjenger Treff

 

No engem Joer Paus ass d'Revue, dee beléifte lëtzebuerger Cabaret nees do! Den Ensembel "Nei Revue" trëtt vum 25. - 29. Abrëll am Käerjenger Treff op (20 Auer an der Woch a 17 Auer Sonndes). 

Ticketë ginn et op www.luxembourg-ticket.lu oder um Telefon 47 08 95-1. Déi 10 lescht Reie sinn op enger Tribün.
Séchert Iech an Zäiten Äer Plazen, well Laachen ass déi 5 Deeg am Treff ugesot!

ACTEUREN: Brigitte Bintz, Liliane Luyckfassel, Stéphanie Welbes, Dana Zangerlé, Will Aust, David Bettinelli, Marc Camy, Gérard Heinen, Rafael Parrinha, Ricardo Vieira

AUTEUREN: Kalté Roland, Kayser Patrick, Meyer Roland, Moris John, Schilz Jay, Weidert Marc, Zangerlé Gast

RÉGISSEUR: Nico Lessyn ; Willy Blommaerts (Assistent)

MUSEK: Jeff Glesener an Claude Zeimes

Weider Infoen op: www.neirevue.lu

 
Agenda complet
© Administration Communale de Käerjeng